Studentenprotester an England
Déi britësch liberal-konservativ Regierung ënnert dem Premier Cameron huet 2010 Spuermoossnamen an sämtlechen Bereicher ugekënnegt als Reaktioun op déi rekordverdächteg Staatsverscholdung.
D’Ausgaben fir Militär sollen an den nächsten 4 Joer em 8% gekierzt gin, d’Gehälter vun den Regierungsmemberen ëm 5%.
De Bildungsetat soll bis 2012 em 40% gekierzt ginn. Sou sënn d’Universitéiten an Zukunft nach méi op Studiengebühren ugewisen déi dann och nach eemol dramatesch erhéijt wärten ginn. Wann se bislo bei maximal 3.800 Euro/Joer luuchen, dann sollen se bis 2012 op 7.000 Euro/Joer erheicht ginn, an Ausnahmefäll suguer op 10.000 Euro/Joer. Weider sollen bis zu 25% vum Léierpersonal entloos ginn an d’Gehälter vun den Dozenten gekiirtzt ginn. Verschidden méi kleng Universiteiten mussen suguer zou maachen, well se sëch net ouni staatlech Hëllef finanzéiert kréien.
D’Regierung huet och decidéiert, zukünftech Studenten mat allen Mëttel vun „notzlosen“ Studiengäng wechzehaalen. Sou soll den Entzuch vun staatlechen Hëllefsmettel an éischter Hinsicht Dozenten déi Geeschteswëssenschaften an Konscht léiren treffen. Den Schwéierpunkt soll méi op Naturwessenschaft an Technik geluecht ginn, nemmen sou wär et méiglech dei britësch Ökonomie ze retten, seet den Premier Cameron an hëllt domadder eng kulturell Veraarmung a Kaaf.
„Selbst wenn wir es wollten – es wird nie wieder freie Bildung geben“
D’Studentevertriedung NUS UK an d’Gewerkschaft fum Léierpersonal werfen der Regierung ënner aanrem vir, Jugendlechen, déi vun doheem aus net iwwer déi finanziell Mettel verfügen, konsequent deren Zukunft ze verbauen. Mee och déi Studenten déi sech et amfong leeschten kënnen, stinn no hieren Studien virun engem risegen Scholdenbierch vun bis zu 50.000 Euro.
Fir deenen Virwërf eppes entgéint haalen ze kënnen, huet déi britësch Regierung decidéiert deenen finanziell benoodeelëgten Studenten méi Hëllef fir hieren Liewensënnerhalt zur Verfügung ze stellen. Och sollen déi Universitéiten déi vun der Ausnahmereegelung Gebrauch maachen (also iwer 7.000 Euro/Joer froen) gezwong ginn, en Deel vun deem Geld an d’Rekruteirung an d’Ënnerstetzung vun finanziell benoodeelegten Studenten ze investéiren.
Leschten Mëttwoch, den 10.November, huet dunn d’NUS UK fir eng friddlëch Demonstratioun opgeruff, fir géint déi geplangten Moossnamen virzegoen.
Donneschtes hunn sech dunn circa 50.000 Studenten an Schüler zu London versammelt, an der Hoffnung vun der Regierung erhéiert ze gin. Si sënn fir eng fräi Bildung, déi fir jidreen zougänglech ass, fir eng Gläichstellung vun allen Studiengäng an géint eng Politik déi nëmmen déi ökonomesch rentabel Studien ënnerstëtzt. Si gesinn an den Spuermoosnahmen eng geféierlech Initiativ, déi d’Zukunft vun den Studenten verbaut. Déi eklatant Ongerechtegkeet daat och d’Studenten d’Kriis mussen matbezuelen ass an den Aan vun der NUS UK onakzeptabel.
Dësen Ëmstand betrëfft net nëmmen Groussbritannien, mee och all aaner Länner. Eng ähnlech Politik huet och an Eisterräich an Däitschland an den leschten Joëren ëmmer rem zum Bildungssreik bis hin zu Besetzungen vun Universitéiten gefouert.
Daat et den Donnëschten zu diversen Ausschreitungen komm ass, weist wéi grouss den sozialen Onmut mëttlerweil ass. Déi britësch Polizei haat d’Situatioun ënnerschätzt, war praktësch net präsent. Sou koum et daat verschidden Gruppen vun Studenten an Schüler d’Parteizentral vun den Tories zu London gestiermt hun an allerhant Saachen futti gemeet hun. Verschiddenen ass et souguer gelongen op den Daach vum Gebai ze klammen an Transparenter mat hieren Fuerderungen ze fixeiren. Bei där Aktioun sënn 14 Leit méi eescht verletzt gin (dovunner 7 Polizisten).
Och wann een d’Verzweifelung vun den Studenten verstoen kann, hun dëss gewaltbereet Gruppen déi ganz Beweegung als „pöbelenden Mob“ gebrandmarkt, waat der Regierung ganz geleeën kënnt fir eng gewëssen Antipathie vis-à-vis vun där Beweegung am Vollek ze schaafen.
Wéi erwaart war d’Berichterstattung an den Medien méi wéi eesäiteg. Den Premier Cameron, deen sech zu deem Moment zu Seoul um G-20 Gipfel befonnt huet, huet och direkt haart Repressiounsmoossnamen ugekënnegt. Sou sollen all déi, déi un der Stiirmung vun der Tories-Zentral bedeelegt waren (emmerhin 2000 Leit) ermëttelt an „mit voller Härte des Gesetzes“ bestrooft gin.
Den Aaron Porter, Firsëtzenden vun der NUS UK, distanzéiert sech vun den Ausernanersetzungen mat der Polizei. Fir heen lenken sou Aktiounen nëmmen vun der eigentlecher politescher Botschaft of. Aaner Demonstranten werfen der NUS UK fir net entschloss genuch géint d’Regierung firzegoen, si soen dass friddlech Massenprotester, wéi et se z.B. geent den Irak-Krich gouffen, vun der Regierung einfach ignoréiert gin an sech näicht un der Situatioun ännert.
(fruppes)